De Blog vum Nico Graf (19): Coronageeschter
Gebongt, d'Bayern sinn also Geeschtermeeschter an déi léif Séil, meng, déi sech heiansdo fir Futtball interesséiert, déi kéint sech elo op d'Säit leeën a weiderschlofen, e bëssen enttäuscht, datt déi Dortmunder net esou richteg dergéintgehalen hunn, mä nu je, Fric regéiert die Welt a weider mam Jabel.