Alerte Jaune: Um Freideg de Moien ass am ganze Land mat Glatäis ze rechnen
Vun e Freideg de Moie 5 Auer un heescht et oppassen op de Stroossen, et kann nämlech am ganze Land glat ginn.
Vun e Freideg de Moie 5 Auer un heescht et oppassen op de Stroossen, et kann nämlech am ganze Land glat ginn.
En Donneschdeg den Owend war de leschte Spilldag an der Gruppephas vun der Europa League.
Domat kënnen d'Memberstaaten elo ufänken, de Finanzpak ëmzesetzen an an der Corona-Kris hir Wirtschaft nees opzebauen, esou den EU-Rotspresident.
3 Victoiren aus 3 Matcher. Dat ass de Bilan vun der Allersronn vun der Gruppephase an der Volleyball-Champions-League fir de Kamil Rychlicki a säi Club.
Zanter 2 Woche sinn nieft de Bistroen och d'Restauranten eidel. "Take Out" heescht déi nei Formule.
Bis ewell hunn 80 Betriber hei am Land mat zesumme 50.000 Mataarbechter um Programme vum Ministère deelgeholl.
En Donneschdeg ass den Ofschloss vun der Orange Week. 16 Deeg laang gouf bei der weltwäiter Campagne op d'Gewalt géint Fraen opmierksam gemaach.
An eiser Serie "Lëtzebuerger am Corona-Ausland" hu mer haut mam Alex Ternes geschwat. Hien lieft an enger Stad déi all Joers ganz vill Touristen ulackelt.
Déi franséisch Regierung huet fir de kompletten Dezember eng Ausgangsspär vun 20 Auer un annoncéiert, deemno och fir Silvester.
En Donneschdeg gouf de Rapport iwwert d'Investissementspolitik vum Lëtzebuerger Kompensatiounsfong virgestallt.
De Golkipp vum Opsteiger an der BGL Ligue hat sech scho virun zwee Méint blesséiert a muss elo operéiert ginn.
De Katar hëlt wuel net un der Quali. fir d'WM 2022 am eegene Land deel. Ma fir Frëndschaftsmatcher ass et een interessante Géigner, sou den FLF-President.
Wéi et heescht, wär ee vun de Grënn wuel kloer de Loyer, mat deem een net méi averstane wär, heescht et dem Paperjam no.
Den Educatiounsministère huet en Donneschdeg den Owend d'Infektiounszuele vun der leschter Woch an de Schoule matgedeelt.
FLASS, esou heescht déi Associatioun, déi sech zu Lëtzebuerg fir de Gesondheetssport asetzt.
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 9 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
Vue dass d'Negociatiounen tëscht der EU a Groussbritannien nach ëmmer net ofgeschloss sinn, ginn d'Preparative fir en Zenario ouni Accord weider.
Den neien Nordstad-Lycée war den Donneschdeg de Moien Thema an der Chamber.
An de speziell preparéierte Schong hat de Mann 250.000 Euro verstoppt. 100.000 Euro waren nach a senger Ënnerwäsch dran.
Déi Persoun, déi den Accident an der Rue du Canal der Police gemellt huet, soll ech um Kommissariat Ourdall mellen.
An der Rue Mayrisch de St Hubert koum et en Donneschdeg de Moie géint 11.20 Auer zu engem uergen Aarbechtsaccident op engem Chantier.
Et gëllt also grad an der Nuecht an an de fréie Moiesstonnen op de Stroossen opzepassen. Et kéint glat ginn, dat bei -3 bis 0 Grad.
Ass d'Visupol-Videoiwwerwaachung vun der Police effikass? Dëst soll mat Hëllef vun enger Etüd gekläert ginn.
D'Europäesch Zentralbank geet mat weidere Milliarde géint déi wirtschaftlech Suitte vun der Corona-Kris vir a pompelt weider Milliarden Euro op de Maart.
Elo wësse mer also, de partielle Lockdown ass net duergaangen, fir d'Verbreedung vum Covid-19 am Grand-Duché ze stoppen an d'Neiinfektiounen erofzedrécken. Komesch am Fong, datt d'Regierung nawell un hirer aktueller Strategie festhält, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
103news.com — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.
Музыкальные новости