Tour des Flandres: Van der Poel a Kopecky heeschen d'Gewënner
Bei der 106. Editioun vum Tour des Flandres gewënnt de Mathieu van der Poel virum Dylan van Baarle. Bei den Damme geet déi zweet Plaz un d'van Vleuten.
Bei der 106. Editioun vum Tour des Flandres gewënnt de Mathieu van der Poel virum Dylan van Baarle. Bei den Damme geet déi zweet Plaz un d'van Vleuten.
Diddeleng behaapt sech mat 1:0 géint Déifferdeng, d'Fola an d'Jeunesse gewannen héich an am Tabellekeller spillen déi direkt Konkurrente gläich.
Fir de Spuenier war et déi 200. Course bei där hien un den Depart gaangen ass. Elo konnt hien eng alleréischte Kéier eng Victoire feieren.
E Sonndeg den Owend koum et zu Gréiwemaacher zu engem gréissere Brand an engem Appartementshaus. Kuerz no 20 Auer ass dat Ganzt um Daach ausgebrach.
De Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) bitt speziell Coursen un, fir d'Motocyclisten no der Wanterpaus rëm op d'Strooss virzebereeden.
Hannergrond ass de Manktem u Kannerdokteren, déi d'Noutdéngschter kënnen assuréieren.
Eng Woch virum éischte Waltour hat den Emmanuel Macron e Sonndeg no bei Paräis säin éischte Walkampfoptrëtt viru knapps 30.000 Leit.
Gladbach a Mainz spillen 1:1 gläich. An Italien bleift Neapel um Leader AC Mailand drun an a Frankräich dréint Marseille de Match zu senge Gonschten.
De Bauerenhaff an d'Stad ze bréngen, ass eng Initiativ vun de Lëtzebuerger Jongbaueren an der Landjugend.
D'Gemenge Bous a Waldbriedemes hu sech e Sonndeg an engem Referendum fir eng Fusioun vun hire Gemengen ausgeschwat.
Um Samschdeg hat sech Bierchem a leschter Sekonn géint Déifferdeng duerchgesat an Diddeleng hat sech ouni Problemer géint Käerjeng behaapt.
An der kalifornescher Haaptstad Sacramento sinn duerch Schëss op d‘mannst 6 Mënschen ëm d‘Liewe komm, 9 weider Persoune goufe blesséiert.
Wéi d'Police mellt, ass hinnen e Sonndeg de Moien um 4 Auer en Auto a Clausen opgefall, deen ze lues a mat ausgeschallte Luuchten ënnerwee war.
E Samschdeg am Nomëtteg koum et der Police no zu engem Sträit an engem Akafszenter um Kierchbierg, nodeems eng Persoun do negativ opgefall ass.
Wéi d'Police mellt, goufe si an der Nuecht op e Sonndeg géint 2 Auer vun den däitsche Kolleege wéinst enger Farerflucht kontaktéiert.
De Premierminister Imran Khan hat d'Opléisung vum Parlament e Sonndeg gefrot, obwuel eng Motioun fir e Mësstrauensvott géint hien net duerchkomm war.
Obschonns et Coronabedéngt net erlaabt ass, hunn d'Mënschen zu Sri Lanka géint d'Regierung vum President Gotabaya Rajapaksa protestéiert.
Wéi den 112 mellt, koum et e Samschdeg den Owend géint 19 Auer zu engem Feier op engem Bauerenhaff zu Reiler.
D'Schäfferéit vun deenen 2 Gemengen am Oste vum Land haten 2018 mat der Prozedur ugefaangen, fir sech zesummenzedoen.
Zanter e Samschdeg huet fir bal 2 Milliarde Moslemen op der ganzer Welt de Faaschtemount Ramadan ugefaangen.
17h00 Course Moto3, 18h20 Course Moto2, 20h00 Course MotoGP mat engleschem a franséischem Commentaire.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
103news.com — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.
Музыкальные новости