Gruppephas EuroCup am Dammebasket: T71 Diddeleng muss sech mat 59:72 géint SL Benfica geschloe ginn
Domadder verléiert Diddeleng 5 vu 6 Matcher am Grupp G a kënnt hei op déi leschte Plaz.
Domadder verléiert Diddeleng 5 vu 6 Matcher am Grupp G a kënnt hei op déi leschte Plaz.
E grousse Sujet um EU-Sommet war de Korruptiounsskandal am Europaparlament, duerch deen d'Vertrauen an d'EU-Institutioun a Fro gestallt gëtt.
Zesumme mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet de Student Le Minh Nguyen en Tool erfonnt, fir och Lëtzebuergesch z'erkennen.
D'Konjunktur wier dëst Joer zu Lëtzebuerg net sou schlecht gewiescht wéi deen et sech et villäicht erwaart hätt.
Déi Europäesch Unioun huet d'Balkanland offiziell an de Krees vun den EU-Bäitrëttskandidaten opgeholl.
Vun e Freideg u gëllen nei Spritpräisser. Nieft dem 95er Bensinn gëtt och den Diesel méi deier, grad ewéi de Masutt.
Ronn 5 Joer nodeems decidéiert gouf, dass Therapië bei liberale Psychotherapeute vun der CNS solle rembourséiert ginn, huet de Sozialminister e Mëttwoch annoncéiert en Tarif dofir festzeleeën. Dat well CNS a Beruffsvertriedung sech net eens gi sinn. Leider wier dat nëmmen ee Beispill dofir, dass déi mental Gesondheet hei am Land ze kuerz kënnt, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Wéi ënnert anerem dat belscht Portal aviation24.be mellt, soll déi ungaresch Airline "Wizz Air" geschwënn och um Findel starten.
Der Police no wier wärend de leschten Deeg verstäerkt daagsiwwer an Appartementshaiser agebrach ginn.
De Proffesyndikat APESS huet wéineg Versteesdemech fir aner gewerkschaftlech Fuerderungen a punkto Handwierk.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 1 op 1.172 geklommen ass.
Si sollen an enger Klinik am franséischen Nanzeg medezinescht Material am Wäert vu ronn enger Millioun € geklaut hunn.
Dat ass am Joresverglach e Plus vu gutt 20%, esou d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF.
Déi lescht 3 Episode vun der Netflix-Dokuserie sinn ugelaf. De Prënz Harry erhiewt do schwéier Virwërf géint seng Famill, besonnesch säi Brudder William.
D'Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns vum Euro en Donneschdeg eng weider Kéier gehéicht. Dat ëm en hallwe Prozentpunkt.
En Donneschdeg war an de franséischen Alpen den Optakt vun der 3. Statioun vum Biathlon-Weltcup. Dat mam Sprint vun de Männer iwwer 10 Kilometer.
Am Kader vun der europäescher Kohesiounspolitik wäerte 7 EU-Memberlänner am Ganze 718,5 Milliounen Euro kréien.
Bei der Descente an Italien konnt sech den Éisträicher duerchsetzen. Op d'Plaz 2 an 3 koumen d'Schwäizer Marco Odermatt an de Matthias Mayer.
Hie soll asprangen, wann de Lewis Hamilton oder den George Russel net kënne fueren. Dat huet d‘Ecurie offiziell matgedeelt.
Zum Ofschloss vum Debat iwwert de Budget 2023 goung et en Donneschdeg de Moien an der Chamber nawell zimmlech héich hier.
Zéngdausende Mënschen, déi sech an de brittesche Spideeler ëm d'Fleeg vun de Patiente këmmeren, hunn d'Aarbecht niddergeluecht.
U sech war de Boris Becker wéinst Insolvenz-Bedruch zu zwee Joer a sechs Méint Prisong verurteelt ginn. Elo ass hien awer no just siwe Méint nees fräi.
Eng SMS geet duer an et ass een e puer Euro lass. Deels emol ouni et ze wëssen, bis ee seng Handysrechnung kritt.
Den Tourismusminister hätt eng grouss Onsécherheet kreéiert, well hien de Projet vun der Piscine an den nächste 5-Joresplang geréckelt hätt.
De Buergermeeschter vu Munneref huet déi néideg Baugeneemegungen ënnerschriwwen. Dat huet de Steve Reckel iwwer déi sozial Medie matgedeelt.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
103news.com — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.
Музыкальные новости