Faktencheck: D'ägyptesch Pyramide sinn dacks Bestanddeel vu Konspiratiounstheorien
Zënter Joerhonnerte liwweren d'ägyptesch Pyramide Material fir déi verschiddenst Konspiratiounen: Ausserierdescher hätte se wuel gebaut oder se hätten an der Antik als Stroumquell gedéngt.