CSV gëtt gréng Luucht: Koalitiounsgespréicher zu Wolz kënnen ufänken
Mat 87 Prozent huet d'CSV-Sektioun vu Wolz derfir gestëmmt, Gespréicher mat der DP opzehuelen. Een Accord gëllt als sécher.
Mat 87 Prozent huet d'CSV-Sektioun vu Wolz derfir gestëmmt, Gespréicher mat der DP opzehuelen. Een Accord gëllt als sécher.
Den LSAP-Bezierkscomité huet sech en Dënschdeg den Owend zu Rëmeleng op eng Lëscht gëeenegt. Dës gouf mat 90 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.
Et riskéiert e waarme Summer ze ginn. Leit iwwer 75 Joer, déi eleng liewen, solle sech beim Plan canicule aschreiwen. Esou den Opruff vun der Santé.
Duerch de Succès vum Buch "Rees an d’ Mënschheetsgeschicht" ass de Wirtschaftswëssenschaftler e gefrote Gaascht. Hie war rezent zu Lëtzebuerg.
Den Educatiounsministère suergt mat senger Personalpolitik fir dacks prekär Aarbechtskonditiounen bei de "Chargés de cours".
Zanter en Dënschdeg ass fir d'Beachvolleyball-Fans eng méi lass hei zu Lëtzebuerg.
Och um Dënschden waren nees puer vun de Lëtzebuerger Athleten bei de European Games zu Krakau a Polen am Asaz.
An de leschte Méint gouf den LU Alert all éischte Méindeg am Mount getest. Dësen Dënschdeg, de 27. Juni, gouf et um 19 Auer en net annoncéierten Test.
En 13 Joer aalt Meedchen ass e Méindeg den Owend zu Altentreptow nom Konsum vun enger besonnesch staarker Extasy-Pëll gestuerwen.
Déi ronn 40 Mann grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass e Méindeg de Moien um Fluchhafe gelant.
An der Chamber gouf den Dënschdeg de Mëtteg déi nei Deputéiert Barbara Agostino vun der DP vereedegt.
No de Wale falen d'Masken. Et ass dës Kéier net anescht wéi soss. Politiker, déi Wochelaang de Leit schéi geschwat a gelaacht hunn, weisen zënter dem Walowend nees hiert richtegt Gesiicht an op enger Rei Plaze muss de Wieler agesinn, datt et ni ëm hie goung, mä datt hie just Mëttel zum Zweck war. Dat ass d'Meenung vum Dany Rasqué, dat a sengem Commentaire op e ganz rezent Beispill ageet.
D'ONG "World Ressources Institute" huet en Dënschdeg eng Etüd iwwert d'Zerstéierung vum tropesche Reebësch publizéiert.
Den Immobiliëmarché dréint manner séier, d’Präisser fir Appartementer am Bau an Haiser ginn erof an déi vum Loyer ginn an d’Luucht.
Da mellt d'Police nach en Iwwerfall zu Bartreng an alkoholiséiert Persounen zu Péiteng.
Dat invasiivt Insekt aus Südostasien breet sech zanter enger Zäitche schonn an Europa aus. Ma esou lues maachen d'Experte sech Suergen.
Den Escher Koalitiounsaccord steet. Buergermeeschter bleift, wéi schonn ugekënnegt, de Georges Mischo (CSV).
No enger 4ter Plaz den 11. Juni zu Vilkyciai a Litauen, ass et an Däitschland beim 4. Laf vun der EM nach en Tick besser gelaf fir de Lëtzebuerger.
Mat hirer Zäit vu 4 Minutten, 8 Sekonnen an 78 Honnertstel koum si an der 2. Divisioun vun der Ekippen-Europameeschterschaft op déi zweet Plaz.
Nodeem d'Spëtzekandidatin vun de Monnerecher Sozialiste bei de leschte Walen annoncéiert, huet, bei d'DP ze wiesselen, suergt dëst fir Tensiounen.
Domat ginn déi Bornë vun der neister Generatioun op der Pompelstatioun laanscht d'Escher Autobunn an Direktioun Esch a Betrib geholl.
No der Confirmatioun vu fënnef Malaria-Fäll, bei deene sech bannent den USA ugestach gouf, huet d'US-Seuchekontrollagence CDC eng Warnung erausginn.
Wéi d'Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun matgedeelt huet, steet ee fir Allergiker geféierleche Ingredient - Crustacéen - net op der Etikett.
Mat enger Patrull vun der Escher Police ware mir eng Nuecht am Süde vum Land ënnerwee. E Reportage vum Mike Elsen a Pierre Weimerskirch.
E Méindeg hunn d'Douane an d'Liewensmëttelkontroll simultan a geziilt a verschiddenen Epicerië mat orientalesche Produite Kontrolle gemaach.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
103news.com — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.
Музыкальные новости