Vëlo bei Aansebuerg fonnt: 34 Joer ale Franz Fritsch gëtt zanter e Méindeg vermësst
De Mann, deen zu Tënten wunnt, huet sech e Méindeg am Nomëtteg op e Vëlostour gemaach a gëllt zanterhier als vermësst.
De Mann, deen zu Tënten wunnt, huet sech e Méindeg am Nomëtteg op e Vëlostour gemaach a gëllt zanterhier als vermësst.
Déi Gréng hu bei de leschte Walen zolidd verluer, souguer de Fraktiounsstatus an der Chamber. Mat neiem Elan wéilt een an d’Joer 2024.
271 Mënschen hunn déi lescht Nuecht am Nuetsfoyer um Findel geschlof. De Pic louch déi lescht Saison bei 219 Persounen.
Ob Lëtzebuerg sech fir d'Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland qualifizéiert, entscheet sech am Mäerz an de Play-Offs vun der Nations League.
Silvester 2013 war déi leschte Kéier wou an enger Diskothéik am Grand-Duché konnt banne gefëmmt ginn.
Iwwer Wochen hu se eis Stuff gerëscht. Ma wat passéiert eigentlech mat eise Chrëschtbeemercher wann se net méi an onser Stuff stinn?
Plazeweis bis Minus 10 Grad goufen an der Nuecht op en Dënschdeg gemooss. Gefillten Temperatur ëm d’Stad war am Virmëtteg nach Minus 13 Grad.
Déi regional Wärung war zanter hirer Aféierung net onëmstridden, ma datt se vum Kanton Réiden net méi gedroe gëtt, kéint net just rational Grënn hunn.
Haut op den Dag genee sinn et 3 Méint hir, datt mer wiele goungen. Ewell owes stoung et fest, datt et mam gréngen Debakel an dem Status Quo vun de Sëtz fir d'CSV wäert zu engem Regierungswiessel kommen. Duerno huet Schwaarz-Blo Gas ginn an d'Regierung Frieden-Bettel ass amgaangen dat ëmzesetzen, fir wat se gewielt gouf: d'Firma Lëtzebuerg kompetitiv halen an de Leit e gutt a rouegt Liewe bidden. De Roy Grotz freet sech, firwat lo Verschiddener sou verdaddert drakucken...
Am Milieu vun den Depositairen deit sech eng grouss Fusioun un. Munhowen S.A. a Boissons Heintz plangen eng gemeinsam Zukunft.
Am Laf vum Méindeg hat et am Ganze 3 Nol op eise Stroosse gerabbelt.
Och méi wéi 12 Joer no senger Dot geet vum Massemäerder an Terrorist Anders Breivik ëmmer nach e grousse Gewaltpotenzial aus, sou den norwegesche Staat.
D'Dateschutzkommissioun wëll Whistleblower eng Méiglechkeet bidden, fir Informatioune sécher matzedeelen.
Den Attal war ee vun den éischte Sozialisten, dee sech op d'Säit vum Emmanuel Macron gestallt huet, wéi deen 2016 seng Partei "En Marche" gegrënnt huet.
Wéi elo vum zoustännege Geriichtsmedezinner confirméiert gouf, ass déi iresch Sängerin un engem natierlechen Doud gestuerwen.
D'Fro, wou dem Leandro Barreiro seng futtballeresch Zukunft läit, steet scho méi laang am Raum.
Angy & Rafa Ela, CHAiLD, Edsun, Joel Marques, Krick, Naomi Ayé, One Last Time an TALI, esou heeschen d'Finalisten. Bis ewell waren hir Lidder nach geheim.
Eng zimmlech kal Nuecht geet op en Enn, an domat eng déi besonnesch déi vulnerabelst an der Gesellschaft trëfft.
An der Moyenne louch déi global Duerchschnëttstemperatur dat lescht Joer bei bal 15 Grad. Bis ewell war 2016 dat wäermste jee gemoossent Joer.
Wéinst dem Streik bei der däitscher Bunn wäert et vun e Mëttwoch de Moie bis e Freideg um 18 Auer zu Perturbatiounen op der Linn 30 vun den CFL kommen.
Am Garer Quartier an der Stad war d'Police e Méindegowend an an der Nuecht op en Dënschdeg am Asaz.
Tëscht de Statioune Rout Bréck/Pafendall duerch den Europa-Quartier an der Laangfur um Kierchbierg, an tëscht der Stater Gare an der Porte de Hollerich.
E Premier a Frankräich ass eng Zort Sécherung. Wann d'Spannung ze héich ass, fiert de Fusibel ewech.
De Gesetzprojet gouf virun 2 Joer vun der deemoleger Justizministesch Tanson deposéiert a gëtt aktuell an der zoustänneger Justizkommissioun diskutéiert.
An de leschten 3 Méint goufen zu Lëtzebuerg knapp 350.000 Covid-Impf-Dosissen ewechgehäit. Alles an allem sinn et der antëscht méi wéi eng Millioun.
Мы не навязываем Вам своё видение, мы даём Вам объективный срез событий дня без цензуры и без купюр. Новости, какие они есть — онлайн (с поминутным архивом по всем городам и регионам России, Украины, Белоруссии и Абхазии).
103news.com — живые новости в прямом эфире!
В любую минуту Вы можете добавить свою новость мгновенно — здесь.
Музыкальные новости